top of page

1. Oplo: September 2014

 

Sprooch: Lëtzebuergesch

 

Pabeierversioun

 

9 €

 

224 Säiten; Täschebuch-Format (11 x 18 cm)

 

ISBN 978-99959-899-0-3

 

D'Liwwerung fënnt spéitstens 7 Schaffdeeg no der Bestellung statt. Bei enger Bestellung vun 20 € oder méi ass d'Liwwerung gratis (gëllt nëmme fir Lëtzebuerg). Fir weider Informatiounen, klickt w.e.g. hei. 

 

E-Book

 

1,99 €

 

ePub-Format

 

ISBN 978-99959-899-1-0

DICKS (Edmond de la Fontaine)

 

Koméidistécker Band 1

 

9 € (Pabeierversioun) / 5,45 € (E-Book am ePub-Format)

"Ech sinn e groussen Hexemeeschter,

Well, wann ech Hokes-Pokes so’n, 

Sinn all Gespenster, wéi all Geeschter, 

Mir ënnerdo’n!

 

Kënnt eppes an e Stall geschlach,

A muerges sinn all Kéi gestrach,

Hält sech anzwou eng Trauliicht op,

Sinn d’Wiichtelcher an enger Kichen,

A setzen d’Kribänk nuets op d’Kopp;

Da kommen d’Leit mech sichen,

A kuck elei!

Den aneren Dag ass alles an der Rei."

 

D'Mumm Séis oder De Geescht, 3. Optrëtt

 

 

An dësem éischte Band kënnt Dir véier Koméidistécker vum Dicks entdecken oder noliesen, déi an de Joren 1855 an 1856 fir d'éischt opgeféiert an als Buch publizéiert goufen. Et gi Geschichte gezielt vu jonke Leit, déi verléift sinn an déi eng oder déi aner Schwieregkeet mussen iwwerwannen, ier se kënne glécklech zesumme sinn. Den Toun ass liicht, d'Handlung bréngt de Lieser méi zum Laachen ewéi zum Iwwerleeën, an awer spillen dës Stécker eng net onwichteg Roll an der nationaler Literaturgeschicht, well den Edmond de la Fontaine mat sengem Wierk Pionéieraarbecht geleescht huet, an dat esouwuel wat de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeet ewéi och d'Grënnung vum Lëtzebuerger Theater. 

 

 

Integralen Text.

 

An der aktueller Orthographie.

 

An dësem Band:

De Scholdschäin

De Kuseng oder Schwaarz oder Blond

D'Mumm Séis oder De Geescht

D'Kiermesgäscht

All eis Bicher kënnen och per Iwwerweisung bestallt ginn. An deem Fall bezuelt Dir, fir Lëtzebuerg, keng Liwwerkäschten. Fir all déi aner Länner biede mir Iech zousätzlech zum Präis vum Buch och d'Liwwerkäschten ze iwwerweisen.

 

Gitt w.e.g. als Vermierk den Numm vum Buch an Är Adress un.

 

BCEELULL

LU70 0019 4355 9087 6000

bottom of page