"Ech sinn e groussen Hexemeeschter,
Well, wann ech Hokes-Pokes so’n,
Sinn all Gespenster, wéi all Geeschter,
Mir ënnerdo’n!
Kënnt eppes an e Stall geschlach,
A muerges sinn all Kéi gestrach,
Hält sech anzwou eng Trauliicht op,
Sinn d’Wiichtelcher an enger Kichen,
A setzen d’Kribänk nuets op d’Kopp;
Da kommen d’Leit mech sichen,
A kuck elei!
Den aneren Dag ass alles an der Rei."
D'Mumm Séis oder De Geescht, 3. Optrëtt
An dësem éischte Band kënnt Dir véier Koméidistécker vum Dicks entdecken oder noliesen, déi an de Joren 1855 an 1856 fir d'éischt opgeféiert an als Buch publizéiert goufen. Et gi Geschichte gezielt vu jonke Leit, déi verléift sinn an déi eng oder déi aner Schwieregkeet mussen iwwerwannen, ier se kënne glécklech zesumme sinn. Den Toun ass liicht, d'Handlung bréngt de Lieser méi zum Laachen ewéi zum Iwwerleeën, an awer spillen dës Stécker eng net onwichteg Roll an der nationaler Literaturgeschicht, well den Edmond de la Fontaine mat sengem Wierk Pionéieraarbecht geleescht huet, an dat esouwuel wat de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeet ewéi och d'Grënnung vum Lëtzebuerger Theater.
Integralen Text.
An der aktueller Orthographie.
An dësem Band:
De Scholdschäin
De Kuseng oder Schwaarz oder Blond
D'Mumm Séis oder De Geescht
D'Kiermesgäscht
DICKS (Edmond de la Fontaine)
Koméidistécker Band 1
9 € (Pabeierversioun) / 5,45 € (E-Book am ePub-Format)

1. Oplo: September 2014
Sprooch: Lëtzebuergesch
Pabeierversioun
9 €
224 Säiten; Täschebuch-Format (11 x 18 cm)
ISBN 978-99959-899-0-3
D'Liwwerung fënnt spéitstens 7 Schaffdeeg no der Bestellung statt. Bei enger Bestellung vun 20 € oder méi ass d'Liwwerung gratis (gëllt nëmme fir Lëtzebuerg). Fir weider Informatiounen, klickt w.e.g. hei.
E-Book
1,99 €
ePub-Format
ISBN 978-99959-899-1-0
All eis Bicher kënnen och per Iwwerweisung bestallt ginn. An deem Fall bezuelt Dir, fir Lëtzebuerg, keng Liwwerkäschten. Fir all déi aner Länner biede mir Iech zousätzlech zum Präis vum Buch och d'Liwwerkäschten ze iwwerweisen.
Gitt w.e.g. als Vermierk den Numm vum Buch an Är Adress un.
BCEELULL
LU70 0019 4355 9087 6000