top of page

MANUSKRIPTER SCHÉCKEN

Falls Dir eis wëllt e Manuskript zoukomme loossen, biede mir Iech dës Informatiounen ze berécksichtegen:

 

  • Schéckt eis w.e.g. kee Manuskript per Mail, mä nëmme per Post. Eis Adress fannt Dir hei.

 

  • D'Texter mussen an enger vun dëse Sprooche sinn: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch.

 

  • Mir ginn eis Méi fir Iech esou séier wéi méiglech eng Äntwert ze ginn. Dat kann allerdéngs bis zu zwee Méint daueren.

 

  • Schéckt eis w.e.g. keng Extraiten, mä just Manuskripter, déi komplett sinn.

 

  • Mir kënnen Iech leider keng Manuskripter net zeréckschécken.

 

  • Bicher mat Illustratiounen: Schéckt eis w.e.g. just eng Kopie vun Ären Illustratiounen, an op kee Fall d'Original.

 

Dir hutt z.B. en Text fir eng Kannergeschicht geschriwwen a sidd op der Sich no engem Illustrateur? Oder Dir sidd Illustrateur, mä braucht Hëllef fir den Text vun Ärer Geschicht ze schreiwen? Och an deene Fäll kënnt Dir eis gäre kontaktéieren.

bottom of page