En neie Verlag - an en éischt Buch, dat nei gemaach gëtt!
- Lilu Verlag
- Sep 14, 2014
- 1 min read
Dat éischt Buch vum Lilu Verlag ka vum 14. September u bestallt ginn. Et handelt sech dobäi ëm e Band mat véier Theaterstécker vum Edmond de la Fontaine, deen ënnert dem Numm Dicks bekannt ass. Domadder bitt Lilu Verlag de Lieser fir déi éischte Kéier iwwerhaapt eng Versioun vun deenen Texter an der aktueller Orthographie. En zweete Band, mat véier weidere Stécker, ass scho virgesinn.
Lilu Verlag ass am Summer 2014 gegrënnt ginn. Nieft der Reeditioun vu méi ale Wierker, déi e besonneschen Interêt hunn, ouni datt et hautdesdaags einfach ass un se ze kommen, huet dës jonk Firma och wëlles modern Texter unzebidden. Et sinn an deem Sënn eng Rei Bicher an der Maach, déi an deenen nächste Méint sollen erauskommen.
Lilu Verlag wëllt jiddefalls der Méisproochegkeet, déi Lëtzebuerg ausmécht, Rechnung droen an net nëmme Bicher op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch erausbréngen, mä och op Englesch a Portugisesch. Och d’Websäit wäert deementspriechend an e puer Deeg a méi Sprooche verfügbar sinn
Comments