top of page

Et ass mer e Stéck Himmel op de Kapp gefall

 

Et war emol en Hong, dat am Gaang war um Buedem ronderëmzepicken, wéi e Stéckchen Holz vum Héngerstall him op de Kapp gefall ass. Et huet sech ganz verwonnert aus dem Stëbs gemaach an ass dobäi engem Hunn begéint, deen et gefrot huet: „Wuer leefs de hin, léift Hong?“ D‘Hong huet geäntwert: „Den Himmel fält zesummen! Et ass mer e Stéck dovun op de Kapp gefall!“

An den Hunn ass mam Hong fortgelaf.

Si sinn engem Schwäi begéint, dat op der Sich no Eechele war an dat, esoubal et si gesouch, gefrot huet: „Wuer laaft dir hin, léif Frënn?“ 

Si hu geäntwert: „Den Himmel fält zesummen! Et ass eis e Stéck dovun op de Kapp gefall!“ 

An d‘Schwäin ass mat hinne fortgelaf.

E wéineg méi wäit sinn se enger Kaz begéint, déi gefrot huet: „Wuer laaft dir hin, léif Frënn?“

A si hu geäntwert: „Den Himmel fält zesummen! Et ass eis e Stéck dovun op de Kapp gefall!“ 

An d‘Kaz ass mat hinne fortgelaf.

Esou sinn se enger Int an dunn enger Geess an dunn engem Schof begéint, an zesumme sinn se all duerch d‘Welt gereest. 

Schliisslech koum en Hond, dee gefrot huet: „Mä wuer pilgert dir dann all hin?“ Si hu geäntwert: „Den Himmel fält zesummen! Et ass eis e Stéck dovun op de Kapp gefall!“ 

Den Hond, deen dru gezweifelt huet, datt esou eppes kéint geschéien, huet gefrot, wien den Himmel zesummefale gesinn hat. D‘Déieren hu missen zouginn, datt se eigentlech näischt gesinn haten. Mä d‘Hong hat dat hinnen esou gezielt. 

Den Hond, dee bei enger aler Fra gewunnt huet, sot: „Bleift hei, ënnert menger Mimmchen hirem Bett, bis mer wëssen, wou mer drusinn.“ 

A si si bliwwen. 

Owes huet sech déi al Fra wéinst de Fléi ganz vill gekraazt an d‘Bett huet gekréckelt a gekréckelt. Aus Angscht, datt den Himmel géif zesummefalen, hunn d‘Déiere vill Kaméidi gemaach:

D‘Hong huet gegackert;

an den Hunn huet gekréint;

an d‘Schwäin huet gegrunzt;

an d‘Kaz huet gemiaut;

an d‘Int huet gequaakt;

an d‘Geess huet gemeckert;

an d‘Schof huet gemät;

an den Hond huet gebillt.

An déi al Fra sot: „Domm, wéi s de bass, gëss de dech net mat deem zefridden, wat s de mol has!“

A si huet net nëmmen hiren Hond, mä och déi aner Déieren aus hirem Haus erausgeheit. Zesummen hunn se d‘Stäre gekuckt - a bis haut weess kee vun hinnen, firwat den Himmel nach ëmmer um Himmel steet an net zesummegefall ass.

Dës Geschicht huet Iech gefall? Et ass en Extrait aus engem méisproochege Kannerbuch, dat am Mäerz 2015 erauskënnt. Abonnéiert Iech op eisen Newsletter a mir informéieren Iech per Mail iwwert de geneeë Publikatiounsdatum.

bottom of page