
1. Oplo: Mäerz 2015
Sproochen:
Lëtzebuergesch, Portugisesch, Däitsch, Franséisch
Pabeierversioun mat CD
19 €
92 pages
Format: 210 x 210 mm
ISBN 978-99959-899-3-4
D'Liwwerung fënnt spéitstens 7 Schaffdeeg no der Bestellung statt. Bei enger Bestellung vun 20 € oder méi ass d'Liwwerung gratis (gëllt nëmme fir Lëtzebuerg). Fir weider Informatiounen, klickt w.e.g. hei.
Adaptatioun & Iwwersetzung: Liliana Miranda
Illustratiounen: Laura Azevedo
Portugisesch Märercher
Pabeierversioun mat CD
Et war emol en Hong, dat am Gaang war um Buedem ronderëmzepicken, wéi e Stéckchen Holz vum Héngerstall him op de Kapp gefall ass. Et huet sech ganz verwonnert aus dem Stëbs gemaach an ass dobäi engem Hunn begéint, deen et gefrot huet: „Wuer leefs de hin, léift Hong?“ D‘Hong huet geäntwert: „Den Himmel fält zesummen! Et ass mer e Stéck dovun op de Kapp gefall!“
An den Hunn ass mam Hong fortgelaf.
Si sinn engem Schwäi begéint, dat op der Sich no Eechele war an dat, esoubal et si gesouch, gefrot huet: „Wuer laaft dir hin, léif Frënn?“
Si hu geäntwert: „Den Himmel fält zesummen! Et ass eis e Stéck dovun op de Kapp gefall!“
An d‘Schwäin ass mat hinne fortgelaf.
Et ass mer e Stéck Himmel op de Kapp gefall
Hei uklicken, fir d'Geschicht weiderzeliesen!
Firwat lafen esou vill Déieren engem Hong no? Firwat kritt d'Meedche mat de schéinen Hoer en Ochsegesiicht? Firwat brauch e Paschtouer e Stee fir eng Zopp ze kachen? A wat geschitt, wann dräi Schwëstere bei engem Floss Blumme plécken?
An dësem Buch fir Grouss a Kleng si Volleksmärercher aus Portugal ze fannen, déi net nëmmen nei erzielt, mä fir déi éischte Kéier iwwerhaapt och op Lëtzebuergesch ugebuede ginn.
An dësem Buch:
Wat een dovunner huet Blummen ze plécken
Et ass mer e Stéck Himmel op de Kapp gefall
D'Ochsegesiicht
D'Steenzopp
All eis Bicher kënnen och per Iwwerweisung bestallt ginn. An deem Fall bezuelt Dir, fir Lëtzebuerg, keng Liwwerkäschten. Fir all déi aner Länner biede mir Iech zousätzlech zum Präis vum Buch och d'Liwwerkäschten ze iwwerweisen.
Gitt w.e.g. als Vermierk den Numm vum Buch an Är Adress un.
BCEELULL
LU70 0019 4355 9087 6000