DÉNGSCHTLEESCHTUNGEN
Nieft dem Verëffentleche vu Bicher bitt Lilu Verlag souwuel Privatpersounen ewéi och Organisatiounen a Betriber eng Rei Déngschtleeschtungen un. Klickt op déi eenzel Biller fir méi gewuer ze ginn an zéckt net fir eis ze kontaktéieren!
Mir bidden am Ament dës Sproochen un:
- Ausgangssproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Portugisesch
- Zilsproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Portugisesch
Gären iwwersetze mer zum Beispill Är Broschür, Äert Buch oder Är Internetsäit. Ob et sech dobäi nëmmen ëm e puer Sätz oder e méi laangen Text handelt, spillt keng Roll: mir engagéieren eis, Iech eng qualitativ héichwäerteg Iwwersetzung zoukommen ze loossen, an dat an engem ganz kuerzen Delai.
Mir kënnen, falls néideg, och Är Texter verbesseren an eis ëm de Layout këmmeren.
Assermentéiert Iwwersetzungen (z.B. juristesch Dokumenter) kënne mir Iech net ubidden.