top of page

DÉNGSCHTLEESCHTUNGEN

Nieft dem Verëffentleche vu Bicher bitt Lilu Verlag souwuel Privatpersounen ewéi och Organisatiounen a Betriber eng Rei Déngschtleeschtungen un. Klickt op déi eenzel Biller fir méi gewuer ze ginn an zéckt net fir eis ze kontaktéieren!

 

Mir iwwerliesen a verbesseren Är Dokumenter, fir datt Dir se kënnt feelerfräi publizéieren. Esouguer ganz kuerz Texter (Facebook-Posts, Flyer, Sloganen, asw) si wëllkomm.  

 

Am Ament bidde mer dës Sproochen un:  

 

- Lëtzebuergesch

- Franséisch

- Däitsch

- Englesch

- Portugisesch

 

Wat d'Lëtzebuerger Sprooch ugeet, bidde mer och Coursen a sougenannt Workshops un. Et geet net nëmmen oder net onbedéngt drëms, d'Reegele vun der Orthographie duerchzehuelen, mä virun allem op Är spezifesch Besoinen anzegoen (z.B. duerch eng detailléiert Analys vun Texter, déi scho publizéiert goufen).

 

Mir kënnen, falls néideg, och Är Texter iwwersetzen an eis Ã«m de Layout këmmeren.

 

bottom of page