Nei Publikatioun 2015: Liest en Extrait aus dem méisproochege Kannerbuch "Portugisesch Märercher"
- Lilu Verlag
- Nov 25, 2014
- 1 min read
Firwat lafen esou vill Déieren engem Hong no? Firwat kritt d'Meedche mat de schéinen Hoer en Ochsegesiicht? Firwat brauch e Pater e Stee fir eng Zopp ze kachen? A wat geschitt, wann dräi Schwësteren an engem Floss Blumme plécken?
Op all dës Froe kritt een am méisproochege Kannerbucher "Portugisesch Märercher", dat an e puer Méint erauskënnt, eng Äntwert. D'Geschichte fir Grouss a Kleng wäerten a véier Sproochen ugebuede ginn: Portugisesch, Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.
Virwëtzeg? Hei uklicken, fir e gratissen Extrait (op Lëtzebuergesch) ze liesen.
Abonnéiert Iech op eisen Newsletter a mir informéieren Iech per Mail iwwert de geneeë Publikatiounsdatum.
Comments